Zongenzodi. Eng Geschicht fänkt vir un an hält hannen op. Zwar net! Haut op d’mannst maache mer alles verkéiert a béien et nees gerued. A vläicht bleiwen dono e puer wonnerschéi kleng Bëlzen dran. Well wann hanne vir a vir hannen ass, da ka riicht kromm sinn a kromm och riicht, an alles ass nees genee esou, wéi et soll sinn! Oder net?
Komm mir setzen den Z op den A an en T virun all Wuert! Wann dann d’Wierder esou richteg schéi geckeg d’ënnescht d’iewescht bonzelen, da kriss de e Knuet an d’Zong… oder an d’Oueren? Oh meng Modi, wat en Zodi, voller Freed um Duercherneen!
- Von 4 Jahren
- 45′
-
Op Lëtzebuergesch
- Am Kader vum Weltdag vum Theater fir e jonke Publikum vun der ASSITEJ
- Konzept an Interpretatioun: Luisa Bevilacqua, Betsy Dentzer
- Zeenografie a Kostümer: Peggy Wurth
- Kënschtleresch Begleedung: Ela Baumann, Jean Bermes, Claire Parsons
- Luuchtendesign: Domenic Koehler